Modifikatiounen

Changelog

  • BäifĂĽgen vun globaler Recherche

    21/07/2023

    Et ass elo méiglech op all Säit eng global Recherche ze maachen fir esou méi einfach a schnell PolitikerInnen an Gemengen ze fannen.

  • DonnĂ©eĂ«n zu den Interventiounen an der Chamber

    30/06/2023

    D'Donnéeën vun den Interventiounen an der Plenarsëtzung vun den Deputéierte vun der Chamber 2018-2023 goufe bäigesat, suwuel fir déi eenzel Deputéiert, wéi och d'Parteien.

    Interventioune vun de Ministeren an d'Dauer vun den Interventiounen ginn hei net berĂĽcksichtegt.

  • Walresultater Gemengewalen & AktualisĂ©ierung Gemengesäiten

    19/06/2023

    D'Walresultater vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023 goufen importéiert. Dir fannt elo déi Gewielten an de jeeweilege Gemenge mat der Unzuel vun de Stëmmen, déi se kruten.

    Op de Säite vun de Proporzgemenge ginn elo och d'Unzuel vun de Sëtz pro Partei ugewisen.

    D'Kompositioun vum Schäfferot an d'Buergermeeschtere wäerten aktualiséiert gi soubal déi jeeweileg Persounen an hire Funktiounen assermentéiert goufen.

  • Aktualisatioun PrĂ©sencen vun den DeputĂ©ierten

    11/05/2023

    D'Présencen vun den Deputéierten goufen mam neien Datesatz vun Open Data bis zum 4/5/2023 aktualiséiert.

  • DonnĂ©eĂ«n zu de Questions parlemenaires

    10/05/2023

    D'Donnéeën vun den Questions parlementaires vun den Deputéierten goufe bäigesat, suwuel fir déi eenzel Deputéiert, wéi och d'Parteien.

    Fir datt d'Ranking vun de Parteien net verfälscht gëtt goufen och fir d'éischt Deputéiert, déi net méi an hirer Funktioun sinn, importéiert. D'Prozent-Ugaben am Tableau pro Deputéierte bezéien sech op den Total mat den Deputéierten hors Fonction. D'Prozent-Ugaben am Ranking bezéien sech op d'Unzuel vun Deputéierte pro Partei an der Chamber.

  • Divers AktualisĂ©ierungen

    16/03/2023

    • D'Infoboxe zu den nächste Gemengen- a Chamberwalen goufen aktualisĂ©iert an extra Infoboxen fir Gemengen, wou eng Fusioun um Instanzewee ass, goufe bäigesat.
    • Websäiten vun de Gemenge goufe bäigesat.
    • D'Alters- a Geschlechtsdistributioun pro Gemeng gouf bäigesat.
  • Rectificatiounen

    15/03/2023

    Donnéeë vun der Gemeng Diekirch goufen aktualiséiert.

  • Rectificatiounen

    09/02/2023

    Donnéeë vun de Gemenge Consdorf, Wolz, Miersch a Weiler-la-Tour goufen aktualiséiert.

  • Rectificatiounen

    17/01/2023

    Donnéeë vun der Gemeng Lëtzebuerg goufen aktualiséiert.

  • Analytics bäigesat

    06/01/2023

    Analytics sinn mat Fathom bäigesat. Dës Solutioun benotzt keng Cookies an anonymiséiert Visiteursdonnéeën. D'Analytics sinn oppen zougänglech op app.usefathom.com.
  • Aktualisatioun Gemeng Dikkrich

    06/01/2023

    Donnéeë vun de Gewielten aus der Gemeng Diekirch goufen aktualiséiert.
  • Finanziell Interessie vun den DeputĂ©ierten

    29/12/2022

    D'finanziell Interessie vun den Deputéiert, wéi si se an hiren "Déclaration(s) des intérêts financiers" op chd.lu deklaréiere goufe bäigesat.

    D'Donnéeë goufe manuell aus de PDFer an en csv Fichier iwwerdroen, deen dann an op elus.lu importéiert gëtt. Den csv op där Basis d'Donnéeën ugewise gi kënnt der hei eroflueden a fir eege Visualisatioune benotzen.

    Dëst sinn déi éischt Donnéeën op elus.lu, déi net vun enger externer, oppener Source importéiert ginn. Et ass net ausgeschloss, datt sech beim Oftippe Feeler ageschlach hunn. Bei Doute w.e.g. d'original Sourcen op chd.lu, op de Profiller vun de jeeweilegen Deputéierten iwwerpréiwen.

    Beim Oftippe vun handgeschriwwenen Deklaratiounen ass et virkomm, datt verschidde Wieder oder Buschtawen net erkannt konnte ginn. Dës Passage si mat [..] markéiert.

    Beim Affichage vun de méigleche Beträg (maximal a minimal) orientéieren ech mech un de Kategorië vun den Deklaratiounen (0 - 200.000 €), esou wéi um maximale Betrag fir déi gewielten Echelle.

    D'Vergläichszuel déi benotzt gëtt ass de Median, net den Duerchschnëtt. Deputéierte kënnen als Maximalbetrag "méi wéi 200.000€" uginn, wat de Calcul vum Duerchschnëtt net méiglech mécht. De Median gouf dofir als Indice geholl fir déi verschidde Parteien ze vergläichen.

    E Merci! un d'Lëtzebuerger Mastodon Community, déi mat hirem Feedback gehollef huet déi richteg Pisten ze fanne fir d'Donnéeën ze visualiséieren.

  • Aktualisatioun PrĂ©sencen

    27/12/2022

    D'Présencen vun den Deputéierten an der Chamber goufen aktualiséiert bis zur Séance n°24 vum 20/12/2022.
  • Statistiken zur Chamber - Duebelmadater

    01/12/2022

    Statistiken zu den Duebelmadater an der Chamber goufe bäigesat.
  • Statistiken zur Chamber - Alter & Geschlecht

    25/11/2022

    Statistiken zur Alters- a Geschlechterdistributioun an der Chamber goufe bäigesat.
  • Rectificatiounen

    22/11/2022

    Donnéeë vun den Europadeputéiert vun der CSV goufen aktualiséiert (Mandater op Gemengeniveau).

  • Rectificatiounen

    22/11/2022

    Donnéeë vun de Gewielten aus der Gemeng Walfer goufen aktualiséiert.

    D'Superficië vun den Gemengen goufen korrigéiert (ha amplaz km2).

  • Alter an Startdatum vun DeputĂ©ierten

    13/11/2022

    Den Alter, Gebuertsdatum an Ufank vum Mandat vun den Deputéiert gouf bäigesat.
  • Rectificatioun

    13/11/2022

    Donnéeë vun de Gewielten aus der Gemeng Réiden goufen aktualiséiert.

  • Update Populatiounszuelen an Walsystemer

    11/11/2022

    Informatiounen zu dem Walmodus bei de Gemenge bäigesat. D'Populatiounszuelen goufe mat de läschten Zuelen aktualiséiert.
  • Feeler melde

    9/11/2022

    Button bäigesat fir Feeler iwwer Email ze melden.
  • Parlamentssäit mat Präsenzen

    6/11/2022

    Dir fannt elo op der Iwwersiicht vun der Chamber d'Presenze fir all d'Deputéiert wéi och pro Partei, mat Ranking pro Status.
  • Mobile Versioun iwwerschafft

    23/10/2022

    D'Navigatioun op klengen Ecrane gouf iwwerschafft an d'Verhale vun de Recherchen ugepasst, esou datt et méi intuitiv ass no Informatiounen ze sichen.
  • Sourcen vun den DonnĂ©eĂ«

    18/10/2022

    D'Source vun den Donnéeë ginn elo méi kloer ënnert den Donnéeën ugewisen.
  • PrĂ©sencen vun de DeputĂ©iert

    18/10/2022

    D'Presenze vun den Deputéiert ginn elo an absolutten Zuelen (pro Sessioun) an als Iwwersiicht pro Mount ugewisen.
  • Ikone fir d'DeputĂ©iert

    16/10/2022

    Deputéiert ginn mat engem extra Ikon markéiert an den Iwwersiichten (Partei, Gemengen).
  • Rectificatioun

    15/10/2022

    Donnéeë vun Déi Lénk (Myriam Cecchetti) a Gemeng Suessem goufen aktualiséiert.

  • Tooltips

    14/10/2022

    Verschidden Elementer hunn elo en Tooltip fir d'Informatioun ze ergänzen.

  • Rectificatioun

    14/10/2022

    D'Gemenge Sandweiler, Ettelbréck, Diddeléng, Schieren a Nommern goufen aktualiséiert.

  • Duebelmandater

    14/10/2022

    D'Unzuel vun den Duebelmandater pro Partei ginn elo ugewisen.

  • Live

    10/10/2022

    Op 🗳️ elus.lu fannt der elo déi lokal, national an europäesch Gewielte vun Lëtzebuerg - 1093 Gemengegewielten, 60 Deputéiert a 6 Europadeputéiert, opgeschlësselt no Gemeng, Bezierk oder Partei.